Ania Polfer - Artiste-Peintre Lëtzebuergesch Français

Ania's ART Atelier

Reha-Molen


D'Rehabilitatiouns Molen ass geduecht fir Persounen déi schon eng Konscht-Therapie gemach hunn - egal op privat oder an enger Clinique - an mam Molen wëllen virufueren.

Dëss Persounen hunn normalerweis "die Heilkraft des Malens" fir sech erkannt a si kommen mat engem aneren Backround an engem aneren Ziel an den Atelier molen.

Dofir wëll ech dësen Persounen e Raum fir sech ginn, a se net mat deenen Persounen an engem Grupp mëschen déi virun allem fir den kënschtlereschen Aspekt an d'Ënnerstëtzung vun mir als geléierten Kënschtler an den Atelier sichëkommen.

Dëss Persounen kommen bei mech, well se wëssen datt ech Kënschtler an Konschttherapeut sinn, an si vun deenen 2 Aspekter kënnen profitéieren, demno wéi si et grad brauchen.

An et berouegt si ze wëssen, datt déi aner Persounen an enger ähnlecher Situatioun sinn wéi si selwer, an doduerch eng speziell, respektvoll Atmosphere am Grupp entsteht.

Méi Infoen um neien Site

 

 

logo_banner