Ania Polfer - Artiste-Peintre Lëtzebuergesch Français

Ania's ARTh Atelier

Formatiounen a Workshops

Meng universitär Diplomer - Maîtrise en Arts Plastiques + DESS en Art-Thérapie - erlaben mir et och méi theoretesch Formatiounen ofzehalen, sou wéi och praktesch Workshops zu diversen Themen ze animéieren.

Well ech a mengem Atelier net wierklech Plaz fir Gruppen hunn, riicht dëst sech éischter un Institutiounen, Organisatiounen, Schoulen, Arbeschtsgruppen, Gesellschaften, wou mir e geeegneten Sall notzen kënnen.

Fir Eenzelpersounen kann ech och Formatiounen bei mir am Atelier ubidden, z.B. wann Dir ären eegenen Molstyle entwécklen wëllt (ab 14 Joer).

Tarif

Fir sou eng Gruppen-Formatioun froen ech 50€ pro FormatiounsStonn + 2 Stonnen Virbereedung! + Material + Rees-Onkäschten (+ Iess- an Iwwernueschtungs Onkäschten am Ausland)

Fir sou eng Eenzel-Formatioun a mengem Atelier froen ech 50€ pro Stonn, an et muss ee minimum 2 Stonnen hannertëneen bleiwen, soss huet et kee Sënn fir unzefänken. Am bäschten bréngt Dir an deem Fall ärt eegent Material mat. (Wann dir keen eegent Material hutt, froen ech zousätzlech 10€/Stonn fir d’Benotzen vum Material aus mengem Atelier. D’Leinwänn sin an dem Präis natierlech net mat abegraff.)

Ufro per e-mail: aniasarth /at/ gmail /Punkt/ com

 

 

logo_banner